Skip to content

D'Basilika vun Eechternoach Virtual Cache

Hidden : 5/1/2018
Difficulty:
2 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   virtual (virtual)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


D'Basilika vun Iechternach





Lëtzebuergesch   English

D'Basilika vun Iechternach


 

The Basilica from Echternach


D’Basilika vun haut ass schon déi 5. Kierch, déi op dëser Platz opgebaut gouf. Déi éischt Kierch gouf vum Hellege Willibrord gebaut, nodeems hien an de Jore 698 an 706 Schenkunge vun der Äbtissin Irmina vun Oeren/Tréier a Pippins II krut hat.

No sengem Doud de 7. November 739 ass déi Kierch awer schnell ze kleng ginn, well ëmmer méi Pilger béi säi Graf komm si fir hien ze veréieren. Em d’Joer 800 gouf dowéinst eng zweet, méi grouss Kierch opgeriicht. Déi ass awer am Joer 1016 duerch e Féier nees zerstéiert ginn. Am Joer 1031 konnt dunn eng am romanesche Stil gebaute Kierch ageweit ginn, déi ongeféier esou grouss war ewéi déi aktuell Kierch. Am 17. Joerhonnert si verschidde Kapellen drun ugebaut ginn.

Am Joer 1794 gouf d’Kierch vu franséische Revolutiounszaldote geschannt a geplëmmt. Sie gouf 1797 mat de verbleiwende Gebaier als National Proprietéit versteet. Doropshin huet d’Kierch an der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert als Fabrick fir Steng an als Platz fir Exekutioune gedéngt. Nodeems an der Mëtt vum Joerhonnert en Deel vun der Kierch an de Koup gefall war an de Rescht vum Gebai virum Verfall war, hun d’Bierger vun Iechternach 1862 de Willibrordus-Bauveräi gegrënnt. Sie hun esou Geld gesammelt fir d’Restauratioun vun der Kierch ze finanzéieren. Déi esou restauréiert Kierch konnt dunn 1868 nees ageweit ginn.

Am Joer 1906 goufen d’Schanke vum Hellege Willibrord, déi no der franséischer Revolutioun an der Parkierch vum Hellege Péiter a Paul gehale goufen, nees feierlech an déi fréier Abteikierch iwwerfouert. Am Joer 1939 ass d’Kierch an de Grad vun enger Peepstlecher Basilika gehuewe ginn, wat mat den Insigne (kleng Schell a Prabbeli), déi ee riets a lenks vum Haaptaltor gesi kann, bezeit gëtt. De 26. Dezember 1944 gouf d’Kierch vun den dätschen Truppen no hirem Réckzoch gesprengt. Hei gouf haaptsächlech dee westlechen Deel zu Schued. Beim Neiopbau ass probéiert ginn de romaneschen Ursprong vun der Kierch nees méi staark ze betounen. Enner anerem mat der Konstruktioun vun engem hëlzene Plafong. Bei den Haaptfassaden an den Tierm gouf sech un der Pilgerkierch vu Paray-le-Monial orientéiert. Déi erëm opgeriichte Kierch ass am Joer 1953 ageweit ginn.

 

Today’s basilica is already the fifth church built at this place. The first church was built by saint Willibrord after he got some donations in the years 698 and 706 from the abbess Irmina from Oeren/Treves and Pippin II.

After his death on the 7th november 739, more and more pilgrims came to his graveyard to honor him. Due this fact, the church got fast too small. Around the year 800 a second and bigger church was built. This church was destroyed during a huge fire in 1016. In the year 1031 a new church, built in a roman style, was inaugurated. This one had approximately the same size as the actual basilica. During the 17th century, different chapels were attached on the church.

During 1794, the church was disgraced and pillaged by French revolutionisers. The church with the remaining buildings was auctioned in 1797 and became national property. During the first half of the 19th century the church was used as a stone factory and a place for executions. In the middle of the 19th century a part of the church was already collapsed and the rest of the building was in dereliction. Therefore, the citizens of Echternach have founded in 1862 the Willibrordus-buildingcooperation. On this way they’ve collected money to fund the restoration of the church. The church, restorated on this way, was inaugurated in 1868.

In the year 1906, the remains of saint Willibrord, hold after the French revolution in the church saint Peter and Paul, were ceremonial transferred back to the abbey church. In the year 1939 the church became a papal basilica, what is attested with the signs (small bell and umbrella), you can see on the left and the right side of the main altar. On the 26th December 1944, the church was blasted from retreating German troops. During this act, the west part of the building was heavily damaged. During the rebuilding the focus was set towards the roman origin of the church. The primary focus was the construction of a wooden ceiling. The main front and the towers were applied from the pilgrim church from Paray-le Monial. The rebuilt church was inaugurated in the year 1953.




D'Konditioun fir d’Loggen

 

Logging task

Natierlech kéint ech elo hei komplizéiert Aufgabe stellen oder dech verschidde Saachen ziele loossen. Ech sinn awer och der Meenung fir en Virtual esou klassesch ewéi méiglech ze halen an et esou villen Touristen a Visiteuren ze erméiglechen des historesch Platz ze besichen.

 

At this point i could make complicated guidelines, or let you count and search different things. But I’ve also decided to keep this virtual as traditional as possible, so that also many tourists and visitors have the possibility to visit the geocache on this historical place.

Maach e klenge Fotoshooting mat dengem GPS oder Smartphone!

  1. Maach eng Foto mat dengem GPS oder Smartphone mam Engel N°2 (Um Buedem riets nieft der Holzramp virun der Basilika)

  2. Maach eng Foto mat dengem GPS oder Smartphone mam Engel N°3 (Um Buedem virun dem Abteimusée am Haff lenks nieft der Basilika)

  3. Sich nach en drëtten Engel mat enger anerer Ziffer ronderëm d'Basilika an dat fréiert Klouschter. Maach eng Foto mat dengem GPS oder Smartphone mat dësem Engel (Via Epternacensis Echternach)

  4. Lued déi dräi Foto'en mat dengem Log erop oder schéck mir se iwwer de Message Zenter.

 

Let’s have a fotoshooting with your GPS or smartphone!

  1. Take a picture with your GPS or smartphone with the angel n°2 (floor on the right next to the plank in front of the basilica)

  2. Take a picture with your GPS or smartphone with the angel n°3 (floor in front oft he entrance to the abbey museum)

  3. Look for a third angel with another number around the basilica and the abbey. Take a picture with your GPS/smartphone with the angel. (Via Epternacensis Echternach)

  4. Upload the three pictures to your log - or send them via the message center to me.


Wichteg:

Op all Foto muss den GPS/Smartphone mat dem Engel a senger Nummer ze erkenne sinn!
 

Important:

Every picture must show the GPS/smartphone with the angel and the number!


Vill Spass zu Iechternach!


Have fun in Echternach!


Sample


Virtual Reward - 2017/2018

This Virtual Cache is part of a limited release of Virtuals created between August 24, 2017 and August 24, 2018. Only 4,000 cache owners were given the opportunity to hide a Virtual Cache. Learn more about Virtual Rewards on the Geocaching Blog.


Additional Hints (No hints available.)