
Den Trackable lass schécken!
Du kanns praktesch op all Platz op der Welt reesen—villäicht och an de Weltall—ouni däin Ëmfeld ze verloossen. Schéck e Geocaching Trackable op de Wee a kuck no wéi en sech beweegt!
En Trackable ass eng Spill Figur déi vu Geocache zu Geocache reest. Andeems Du en Trackable mat enge Missioun op d’Rees schécks, kanns Du d’Welt duerch d’Loggen an d’Fotoen vun anere Geocacher gesinn.
Lee lass
En Trackable fannen
Nodeems Du en Trackable aus engem Geocache eraus geholl hues, logg esou séier ewéi méiglech mat der Geocaching® App dass Du en kritt hues.
D’Zil checken
Check d’Ziel vum Trackable andeems Du op seng Säit gees. Dat ass esou einfach ewéi den Tracking Code anzeginn. D’Iddi ass et den Trackable an e Geocache ze leen, deen en sengem Ziel méi no bréngt!
Den Trackable bewegen
Lee den Trackable an den nächste Geocache a logg d’Aventuren déi’s Du um Wee has. Wann’s Du den Trackable méi laang ewéi zwou Woche brauchs, da so dem Besëtzer w.e.g. doriwwer Bescheed!
Trackables kafen
Du kann’s Trackables am Geocaching Shop kréien. Gëff dengem Trackable en Zil a lee en an e Geocache fir en op d’Rees ze schécken.
Méi gewuer ginn
Du hues nach méi Froen iwwer Trackables? Lies eis FAQ a gëff alles gewuer ewéi een ufänkt, Trackable Promotiounen, a méi!