Michel
Rodange
REENERT
Monument a Kulturwee
Wooltz
De Reenert oder de Fuuss
am Frack an a Maansgréisst ass eng Fabel vum Letzebuerger
Schrëftsteller Michel Rodange. Si koum 1872 fir d'éischt eraus an
ass eng Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op
letzebuergesch. De Rodange huet aus deeër Matière e Lidd vun
ingesamt 14 Gesäng a 6052 Verse gemaach, en Hommage un
d'Lëtzebuerger Landschaften a Géigenden, mee gläichzäiteg och e
Spottgedicht op d'Lëtzebuerger Gesellschaft vun der Zäit vum jonken
Nationalstaat mat ongewësser Zukunft an der industrieller
Revoultion.
Well vill Bierger an och d'Kierch
sech getrëppelt gefillt hunn, blouf d'Gedicht laang verkannt a gouf
esouguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisste Stéck
Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert
ugesinn.
De Michel Rodange (* 3.Januar
1827 zu Waldbelleg; † 27. August 1876 a Clausen ,Stad
Letzebuerg) war vun 1845 u Schoulmeeschter, fir d'éischt zu
Steesel, duerno an der Fiels. An der Dikrecher Zeitung Der Wächter
an der Sauer huet e seng éischt Gedichter op Däitsch publizéiert.
1854 huet hie sech mam Madeleine Leysen bestuet. Si kruten 10
Kanner, wouvunner der awer 6 scho fréi gestuerwe sinn.
Vun 1859 un huet de Michel Rodange
als Kantonier zu Iechternach, Käerch a Wolz geschafft. Hien huet
ugefaang sech mat däitscher, franséischer a griichescher Literatur
auserneen ze setzen. 1872 koum säin Haaptwierk Reenert oder
de Fuuss am Frack an a Maansgréisst eraus, dat awer ufanks
kaum een an Uecht geholl huet. 1873 huet de Michel Rodange Congé
vum Staatsdingscht geholl, fir beim Bau vun der Eisebunnslinn
laanscht d'Sauer matzeschaffen. Mee hie war ëmmer méi mam Mo
geplot. E gouf an d'Stad versat, wou en d'Schläifaarbechte vun der
Festung Letzebuerg surveilléiert huet. August 1876 ass en, mat
nëmmen 49 Joer, u senger Mokränkt verscheet.
Nieft dem Renert huet de
Michel Rodange Lëtzebuerger an däitsch Geleenheetsgedichter, Dem
Léiweckerche säi Lidd iwwer de Bauerestand an der Zäit vun der
Industrie, d'lëschtegt Theaterstéck Dem Grof Sigfrid seng
Goldkuemer an eng autobiographesch Chronik von
Waldbillig geschriwwen. Dat meescht dovunner gouf eréischt no
sengem Doud publizéiert
Reenert - Éischte Gesank
Gesamttext voam Reenert
Cache-o-phone:
00352/691959994
Itinerary in honour
of Michel Rodange and his major work
– ‘Reenert’ -
on the Luxembourg
language in the Simon centenary park.
Reenert
or de Fuuss am Frack an a Maansgréisst is an
luxembourgish adaptation by Michel Rodange from Goethe's version
Reinek Fuchs and transferred it to current conditions in his
country and used thereby regional dialects.
Michel
Rodange (*
3. January 1827 zu Waldbillig; † 27. August 1876 a Clausen,
Luxembourg) was a luxembourgish writer. Michel Rodange was starting
from 1845 a teacher, first inSteinsel, afterwards in Larochette.
Its first poems in German language appeared in the Diekircher
newspaper “the guard at the sour”. 1854 he married Magdalena
Leysen, with which he had 10 children, from which 6 in recent years
died.
Starting from 1859 Michel
Rodange worked as a cantonnier in Echternach, Koerich and Wiltz. It
began itself seriously with German to set for French and Greek
literature apart. 1872 appeared its Hauptwerk “Reenert, De Fuuss at
the Frack at A Maansgréisst”, from which the public took first
however hardly note.
1873 took Michel Rodange
vacation of the government service, in order to help with the
building of the railway along the Sauerr. In this time it got sick with
an ulcer. It was shifted into the city Luxembourg, where he
supervised sharpening the fortifications. The family lived in the
suburb Clausen, where Michel Rodange died 1876 at the consequences
of its stomach illness.
Cache-o-phone: 00352/691959994

Click To Rate This Cache