Skip to content

Nord Cacher Treff Event Cache

This cache has been archived.

pir: 't gëtt sou lues Zäit, fir dësen z'archivéieren.

Et war wierklech ee flotten, gemittlechen Owend mat villen neie Gesiichter, an awer och e puer ale Bekannten. Si ware jo och (bal) all do, déi sech ugemellt haten; mat 10% Perte muss ee jo ëmmer an iwwerall rechnen, mee dat hei war awer bestëmmt kee Verloscht.

D'Iwwerleeunge fir eng 2. Oplag si schonn amgaang!!

More
Hidden : Saturday, November 6, 2010
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   not chosen (not chosen)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


E gemittleche Cacher-Treff fir all interesséiert Geocacher aus der Regioun






Vun eise Loggen hier kennen déi meescht sech jo wahrscheinlech schonn, deen een oder aneren huet een och well dobaussen um Terrain bei engem Cache begéint.

E gemittlechen Owend soll elo duerfir suergen, datt d'Cacher aus der ganzer Regioun sech besser kënne kenne léieren. Mir wäerten iwwert de Geocaching am allgemenge fachsimpelen, a jidderee ka seng Froe stellen iwwer d'Cachen, d'GPS-Apparaten, wéi ee mat enger Query oder Notification schafft (WLAN ass op der Plaz), wéi ee mat Travel-Bugs a Geocoins ëmgeet, wéi kann ech meng Säit Profile for user: ... änneren, a villes méi. Et besteet och d'Méiglechkeet, eng Pizza z'iessen oder/an eppes ze drénken, an dobäi villäicht e gemeinsame Cacher-Tour z'organiséieren.

Wéini?
Samschdeg, de 6. November 2010, um 19.00 Auer

Wou?
zu Clierf an de Päerdsställ
4, rue du Parc

Mellt iech esou séier ewéi méiglech un andeems dir een "Will Attend"-Log maacht, d'Plaze si leider op ronn 20 begrenzt. Vergiesst net ze schreiwen, zu wéivill dir kommt, a schreift och w.e.g. äre Virnumm/är Virnimm an de Log.

Mir freeën eis op är Präsenz
pir & Emma vom Blutacker


Et sinn ugemellt:

Team ugemellt
pir 2
Emma vom Blutacker 3
geo3eck 1
eidechs 1
BlackAlien 1
judo-dragon 1
häipy 1
Grimmel1 1
Frutz 1
cooljo 2
diddichen 1
Diabelchen 1
chitta 2
Waagepower 2
baelrati 1
Sevy1971 1
sanseven 1
GeoFox-lu 1
Hildi1 1
Total: 25

Additional Hints (No hints available.)