Dëst ass den éischten CITO – Event an eisem Ländchen
An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beetebuerg wollten mer mat motivéierten Cacher eis schéin Landschaft botzen hëllefen, duerch déi mer esou gären cachen ginn.
Lass geet et den 24. Mäerz 2012 um 09.00 Auer.
Treffpunkt ass beim Centre d’intervention Bettembourg. En groussen Parking gëtt et direkt niewendrun.
www.cibett.lu
D’ Gemeng Beetebuerg stellt Zaangen an Dreckstuten. Händschen wären net schlecht, wann där déi géingt matbréngen, well net gewosst ass, wéi vill der zur Verfügung stinn.
Nom Schaffen gëtt dann en deftegt Iessen spendéiert un all déi Leit, wou fläisseg mat gehollef hunn.
D' Logbuch läit aus esoubal d' Aarbecht eriwwer ass an et eppes zur Stäerkung gëtt.
Mer géingen eis iwwert är Ënnerstëtzung freeën an hoffen, dass där vill Spaass wäert hunn.
Matbréngen kënnt dir natierlech och är Cache-Ausrüstung fir e puer vun deenen villen Cachen ze loggen, déi dorëmmer verstreet sinn oder och fir een ze verstoppen.
Schreift iech all an bis den 19.03.2012 an mat wivill Leit där op d’ Platz kommt.
! Verbréngt mat eis zesummen e puer schéin Stonnen fir en gudden Zweck !
En Profilbadge gëtt op dëser Platz nom Event publizéiert.
Pofilbadge:
<p align="center"><a href=" http://coord.info/GC3E5HF "><img src=" http://img.geocaching.com/cache/63b9b180-ebe6-404b-aacd-a557f39e6f5c.jpg?rnd=0.1857525" alt="CITO-LUX" width="253" height="275" border="0" /></a></p>