pir: Sou lues gëtt et Zäit fir dësen Event z'archivéieren.
Mir - Emma vom Blutacker, de Wiert a pir - als Organisatiouns-Team ware freedeg iwwerrascht, datt déi ugekënnegt 30 Plaze fir dësen Event bannescht zwee Deeg well ausgebucht waren, wat jo ganz kloer fir de Succès vun eisen Eventer schwätzt. Doduerch datt mir dëst Joer op enger neier Plaz konnte sinn, hate mir d'Méiglechkeet fir weider Plazen z'offréieren, déi och gaangs ausgebucht waren.
Den Event war e grousse Succès, vill al Bekannter an awer och munnech nei Geocacher hu sech hei getraff, souguer aus Schweden waren 3 Teams ugereest, fir sech bei engem gudde Maufel vill a laang iwwert eisen Hobby auszetauschen, an och deen een oder aneren Hint fir dësen oder dee Mystery-Cache opzeschnapen.
Alles an Allem ee gelongenen Owend, a mir als Orga-Team freeën eis op d'Editioun 2013!