Skip to content

Iechternacher Sprangprëssessioun Multi-Cache

This cache has been archived.

Family Wagner (Lux): muss leider an den Archive wandern

Ciao

More
Hidden : 5/21/2013
Difficulty:
2.5 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   small (small)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


Iechternacher Sprangprëssessioun



D'Iechternacher Sprangprëssessioun ass e reliéise Cortège, deen all Joers op Päischtdënschden zu Iechternach ofgehale gëtt. Op eng Zort Polkamelodie sprangen d'Participanten a Reien, duerch d'Stroosse vun der Stad an dann an d'Basilika, bei d'Graf vum Hellege Willibrord. D'Iechternacher Sprangprëssessioun steet op der Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO.
Geschichtleches
Déi haiteg Form vun der Sprangprëssessioun geet an d'19. Joerhonnert zréck. Mä Temoignage loossen hir Origine bis an d'Spéitmëttelalter zréckverfollegen.
Zäit vun der Abtei bis d'Franséisch Revolutioun
Déi eelste Quell ass déi vum Abbé Thiofrid († 1110), dee vun enger Pilgerprëssessioun bei d'Graf vum Willibrord geschriwwen huet. Et goung doranner awer keng Rieds vun engem Danz. Am Mëttelalter goufen déi Gemengen, déi vun der Iechternacher Abtei ofhängeg waren, dozou forcéiert, an der Päischtwoch hiren Undeel fir d'Kierch ofzeginn. Dëst huet sech Bannprëssessioun genannt. 1497 goufen an engem Justiztext "Helleger, déi danzen" ernimmt. Déi éischt bildlech Representatioun vun der Sprangprëssessioun geet zréck op d'Joer 1604.
Wéi et zum Danzen oder Sprange koum, ass net ganz kloer: De Willibrord, wéi och de Jang den Deefer an de Väit (Vitus), waren Helleger zu deene bei Nervekrankheeten, Krämp oder Epilepsie gebiet gouf. Ausdréck wéi "Wilwertskränkt", "Iechternacher Krankheet" oder och nach "Krankheet vum Hellege Jang" goufen dacks mat der Sprangprëssessioun a Verbindung bruecht. Et ass dofir unzehuelen, datt Kranker, wéi z. B. Spastiker, an der Prëssessioun matgefouert goufen, oder awer d'Leit an der Prëssessioun sech esou beweegt hunn, fir dës Krankheeten net ze kréien. Eng aner Theorie seet, datt d'Sprangprëssessioun sech aus enger "ziviliséierter" Form vun de Gäisselprëssessiounen entwéckelt huet, déi besonnesch am 14. Joerhonnert als "Mëttel" géint d'Pescht verbreet waren.
Am 18. Joerhonnert, dem Joerhonnert vun der Opklärung, gouf dat Gesprangs souwuel vu weltlecher wéi vu kierchlecher Säit ëmmer méi kritiséiert. Déi eng hunn et als Ausdrock vun Obskurantismus gesinn, déi aner hunn d'"Entgleisunge" bedauert, wann d'Leit ze vill excitéiert goufen. Sou huet den Tréierer Bëschof 1777 d'Sprangprëssessioun verbueden, well se "net vernünfteg" wier. Och de Jousef II. huet 1786 all Prëssessioune verbidde gelooss, huet dat Verbuet awer geschwënn dono nees ophiewe gelooss, wahrscheinlech, well souwisou kee sech dru gehalen huet. Dat Hin an Hier goung virun : d'Franséisch Revolutioun huet se verbueden, den Napoléon huet se 1801 erëm erlaabt. D'Fraen hunn d'Recht kritt, matzemaachen.
Zäit nom Konkordat vun 1801
1825 huet de Wëllem I. dekretéiert, d'Sprangprëssessioun vum Päischtdënschden op Päischtsonndeg ze réckelen, fir esou keen Aarbechtsdag ze verléieren. E schéngt domatter kee Succès gehat ze hunn, well 1830 gouf deen Dekret nees opgehuewen. Déi eenzeg Period an der neierer Geschicht, an där d'Sprangprëssessioun net ofgehale gouf, war an der Nazi-Okkupatiounszäit 1940-1944.
D'Sprangprëssessioun haut
Hautdesdaags gëtt d'Sprangprëssessioun vum Willibrordus-Bauveräin organiséiert, deen och d'Reiefolleg vun de Pilger- a Museksgruppen, de Parcours, asw. festleet.
Den Danzschrëtt ass néierens festgeschriwwen. Deen éischte Film-Temoignage weist, datt am Ufank vum 20. Joerhonnert verschidde Leit e puer Schréck no vir, dann nees zréck gespronge sinn. Dacks waren dat dräi Schrëtt no vir an zwéin no hannen. Dës Regelung, déi ëmmer erëm fir Chaos gesuergt huet, a wahrscheinlech net historesch ass, gouf 1947 definitiv ofgeschaaft. Zënterhier spréngt ee vum rietsen op dee lénkse Fouss, heiansdo, andeems een d'Been schwéngt.
Opgestallt gëtt sech am Abteishaff a Reien zu 5, an deene jidderee sech u sengem Noper mat engem wäissen Nuesschnappech unhält. Et ass keng Tenue virgeschriwwen, vill Sprénger passe sech awer der traditionneller Tenue vun den Iechternacher Sprénger un: Schwaarz Box/Jupe a wäisst Hiem oder Blus, folkloristesch Tenuen (z. B. "Dirndl") sinn net zougelooss. Gespronge gëtt am Rhythmus vun enger traditioneller Polkas-Weis.
D'Motivatioun, bei der Sprangprëssessioun matzemaachen, ass haut esouwuel eng reliéis, wéi och eng traditionell: fir vill Schüler aus dem Iechternacher Kolléisch ass et z. B. nach ëmmer eppes ganz Besonnesches, do matzesprangen.
De 16. November 2010 huet d'UNESCO zu Nairobi d'Iechternacher Sprangprëssessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat.


Iechternacher Sprangprëssessioun Melodie   Sprangprëssessioun Unesco Video


 Français                  English                       Deutschland Flagge Deutsch Deutschland Flagge                 Nederland

The Multi-Cache

Luxemburg Flagge    Fannt Figuren um Wee vun der Sprangprëssessioun an notéiert iech Hausnummer
   Find the Holy or the Figures on the way of the Dancing procession and note the house number
Deutschland Flagge    Finde den Heiligen oder die Figure auf dem Weg der Springprozession und notiere die Hausnummer
   Trouvez le Saint ou les statures sur le chemin de procession dansante et notez le numéro de la maison
   Vind de heiligen of de figuren op de weg van Springprocessie het schrijven en het huisnummer op


den Wee vun der Prëssessioun



Photos



Printversion

Wegstrecke/Distance +-2km


Flag Counter

 

Additional Hints (Decrypt)

Fhpur: yvaxf, erpugf, hagra, bora, eüpxjäegf haq anpu ibear Purepur: tnhpur, qebvgr, unhg, onf, ninag rg neevèer Frnepu: yrsg, evtug, hc, qbja, onpxjneqf naq sbejneqf Mbrx: yvaxf, erpugf, bzubbt, bzynnt, ibbehvg ra npugrehvg

Decryption Key

A|B|C|D|E|F|G|H|I|J|K|L|M
-------------------------
N|O|P|Q|R|S|T|U|V|W|X|Y|Z

(letter above equals below, and vice versa)