Skip to content

Neo's Cache#2 Traditional Cache

This cache has been archived.

brain79: Hallen op sorry

More
Hidden : 9/2/2013
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   micro (micro)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


 

 

Suessemer Kannerschlass

 

D'Suessemer Schlass geet op eng Waasserbuerg aus dem Mëttelalter zréck, wat een haut nach un der quadratescher Form vum ganze Schlassgebai an och um Gruef ronderem d'Schlass erkenne kann.

D'Waasserbuerg gouf ëm 1270 gebaut. Am Laf vun de Joerhonnerte gouf si e puer Mol zerstéiert, erëm op- an ëmgebaut. Vun der ursprénglecher Buerg ass wahrscheinlech näischt méi erhale bliwwen (Klein 1993).

Dat haitegt Schlass, mat Ausnam vun de Niewegebaier, geet op d'Joren ëm 1700 zréck. Am 18. Joerhonnert ass och de Schlasspark a senger haiteger Form ugeluecht ginn.

 

1753 hunn déi direkt Nokomme vun de Buerghären aus dem Mëttelalter d'Schlass un d'Famill de Tornaco verkaaft, an där hirem Besëtz et du ronn 200 Joer bliwwen ass. Aus dëser Famill ass de Victor de Tornaco ervirgaangen, dee vun1860-1867 Staatsminister vu Lëtzebuerg war.

1950 huet d'Famill de Tornaco d'Schlass un d'Gemeng Esch-Uelzecht verkaaft, déi duerno ronn 50 Joer laang am SchlassKannerheem ënner dem Numm Kannerschlass gefouert huet.

1965 gouf am Park nieft dem Schlass e Pavillon gebaut, an deem ë. a. d'Wunneng vum Direkter vum Kannerschlassënnerbruecht war.

1971 gouf d'Schlass zesumme mam Park an och der Weekapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter alsMonument national klasséiert (arrêté ministériel vum 8. Mäerz 1971).

1985 huet de Staat déi ganz Propriéitéit opkaaft.

1999 ass dee leschte Service vun der Fondatioun Kannerschlass erausgeplënnert. Enn der 90er Jore gouf d'Schlass renovéiert, awer net dat hënnescht Gebai.

 

Zanter 2002 huet de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe (CVCE), en Établissement public deen duerch d'Gesetz vum 7. August 2002 geschafe gouf, säi Sëtz am Suessemer Schlass.

Zanter Enn der 1990er Jore sinn am Pavillon am Park nieft dem Schlass Asylanten ënnerbruecht. 1999 hat de Schäfferot vu Suessem Pläng fir de Pavillon als Heem fir d'Guiden a Scouten an d'Rei ze setzen. Doraus ass awer näischt ginn, well de Staat en als Wunnraum fir d'Demandeurs d'asile wollt behalen.

Additional Hints (No hints available.)