Skip to content

4. Nord Cacher Treff Event Cache

This cache has been archived.

pir: Sou lues gëtt et Zäit fir och dësen Event z'archivéieren.

Mir - Emma vom Blutacker, de Wiert a pir - als Organisatiouns-Team ware freedeg iwwerrascht, datt och dëst Joer eisen Event nees sou ee grousse Succès kannt huet, an datt d'Plaze séier ausgebucht waren.

Vill al Bekannter an awer och munnech nei Geocacher hu sech hei getraff fir sech bei engem gudde Maufel vill a laang iwwert eisen Hobby auszetauschen.

Alles an Allem ee gelongenen Owend, a mir als Orga-Team freeën eis op d'Editioun 2014, déi de Loggen no jo bal néideg hätt stattzefannen [;)] !

More
Hidden : Saturday, October 26, 2013
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   not chosen (not chosen)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:



E gemittleche Cacher-Treff fir all interesséiert Geocacher aus der Regioun





No dem groussen Erfolleg vun eisen Nord Cacher Treffe vun 2010, 2011 an 2012 kann ee mëttlerweil vun enger Traditioun schwätzen.
An elo ass et endlech nees esou wäit.

E gemittlechen Owend soll duerfir suergen, datt d'Cacher aus der ganzer Regioun sech besser kënne kenne léieren. Mir wäerten iwwert de Geocaching am allgemenge fachsimpelen, a jidderee ka seng Froe stellen iwwer d'Cachen, d'GPS-Apparaten, nëtzlech Zousazprogrammer um Computer an um Smartphone, den Ëmgang mat enger Query, asw. asw. WLAN ass op der Plaz.

Et besteet och d'Méiglechkeet, eppes z'iessen an/oder ze drénken, an dobäi villäicht e gemeinsame Cacher-Tour z'organiséieren.

Aus organisatoresche Grënn proposéiert De Wiert véier Menüen:
- Pastéitchen, Fritten, Zalot
- Wiener Schnitzel, Fritten, Zalot
- Ham, Fritten, Zalot
- pochéierte Saumon, Räis, Gromperen, Zalot
Den Dessert gëtt et à la carte.

Gitt bei ärer Umeldung w.e.g. un, wéi ee Menü dir wëllt; d'Präiser kritt dir op Ufro gemailt.

Wéini?
Samschdeg, de 26. Oktober 2013, um 18.00 Auer

Wou?
zu Fëschbech bei Clierf am Hôtel-Restaurant Reiff
4, Hauptstrooss

Mellt iech esou séier ewéi méiglech un andeems dir een "Will Attend"-Log maacht, d'Plaze sinn op 50 begrenzt.
Vergiesst net ze schreiwen, zu wéivill dir kommt.

Mir freeën eis op är Präsenz
De Wiert, Emma vom Blutacker & pir



Umeldungen

Team ugemellt
Emma vom Blutacker 1
De Wiert 1
pir 2
häipy 1
diddichen 1
TeamPatriotLU 4
Yanchia 2
dangereuse 1
Chicco99 2
Team DAR 3
Susi AM 2
judo-dragon 1
marmand 2
dei_brong 3
Svanivro 2
Grimmel1 1
jopa352 1
speedwalkers 1
eidechs 1
Stresskett 1
Hildi1 1
focus29003 1
DéiWëll5VanHusen 2
Sven_Husen 1
DéiBlann 2
Team F.Ranger 2
gaudium 1
mianlami 1
GeoFox-lu 4
2roadrunner 2
RaulMiller 1
Total 51
Waardelëscht


Additional Hints (No hints available.)