Nodeems mir den Hinnchen op der Nuck fonnt haten, hu mir eis drun erënnert, dat d’Këscht vun eisem archivéierten Multi Chicken Town nach misst op der Platz sinn.
Mir hunn déi séier rëmfonnt a hu gestaunt, dat se no 5 Joer nach ëmmer a guddem Zoustand ass. Prompt hu mir eis decidéiert d’Këscht rëm ze verstoppen a domat ass dësen Tradi entstan.
De Cache kann als Uschloss un den GC4HTTM gemaach ginn.
Mir roden iech déck Schong unzedinn, wéinst dem Bulli.