
De Summercamp steet virun der Dir - an virdru musse d'Patrullekëscht emol nees ausgemescht gi a nees propper ageraumt. Do ass ëmmer grousse Chaos an esou ass et ze verstoe dat herno kee méi weess a wat fir enger Këscht wat leit a weem se gehéiert. Kanns du de Scouten hëllefe?
- d'Foulard'e gehéiere der Patrull Sténkdéier
- d'Nummer vun der Këscht mat de Saache déi Panthere an hirem Schaff hate ass d'Halschent vun der Këscht wou d'Badger dra sinn
- de Inhalt vun der Këscht mat der Nummer 4 gehéiert zou de Päiperleke a kennt net aus dem Keller
- Campbichelche sinn entweder an der Këscht Nummer 2 a d'Sache vu de Fliedermais an der Këscht Nummer 3 - oder ëmgedréint
- déi al Scoutszäitschrëfte stoungen um Späicher
- d'Badger sinn net an der Këscht Nummer 6 mee eng Këscht weider no riets vun der Këscht wou d'Adresselëschte dra sinn
- D'Photoen aus der Këscht Nummer 1 sinn net der Patrull Ouereschlëffer hir. An entweder d'Ouereschlëffer, d'Fliedermais oder d'Sténkdéier hate hir Saachen an der Garage stoe
- Déi Saache déi an d'Këscht Nummer 6 dra si luechen all am Beaversaal
Material: Photo'e (3), Campbichelche (4), Scoutszaitschrëfte (5), Badger(6), Adresselëscht (7), Foulard'e (8)
Patrulle: Sténkdéier (2), Panther (3), Päiperlek (4), Stéier (5), Fliedermais (6), Ouereschlëffer (7)
Plaze: Keller (2), Kichen (3), Beaversaal (4), Garage (5), Schaaf (6), Späicher (6)
Koordinaten gin folgendermoosse ausgerechent: Kuck wat jeweils an der Kescht Nummer 1 a Nummer 5 dra ass, wem se gehéiert a wou se steet a setzt dat an d'Formel an
Formel vum Final ass :
N49°38.Kescht1 / 006°09.Kescht5 - 24
et brauch ee net ze klamme an d'Terrain Wertung ass definitif richteg !!!!!
|
