Skip to content

Kannercache beim Scoutschalet Multi-Cache

This cache has been archived.

LGS (Scouts) of Dalheim: Have to archive this cache, Sorry

More
Hidden : 7/20/2014
Difficulty:
2 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   small (small)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:

Kannercache beim Scoutschalet zu Schëtter. Eis Wëllefcher hun 2014 hiren Summercamp "Indiana Jones " hei zu Schëtter erlieft. Den Dr. Jones ass jo de Schatzsucher par excellence. Also hun sie sech och mat Geocaching beschäftegt. An dem Kontext, als Cadeau a Merci un eis Schëtter Scoutsfrënn, hu sie den 20.07.2014 dësen Multi ageriicht, dee speziell geduecht ass fir Kanner.

Parking : N49°37.450 E006° 16.093 Dir musst fir d’éischt de Code fannen (5 Buchstaben) fir de Final opzekréien

 

 

 

 

 

 

 

 

1

2

3

4

5

4

1

A. Gidd bei d’Kiirch. Do hängt eng Plaque wou “Schëtter Kierch “ dropsteet. An der franséischer Erklärung steet fir d’Joer 1968 3 Reihen Text. An der 3. Reih den 1. Buchstab = 5.

 

B. Elo stell Dech mat Denger lénkser Kierperseit zur Plaque gedréint a kuck +- 100 Meter riicht aus. Do steet op engem Haus “Gemeng” an direkt riets donieft steet e Monument mat engem Fändel dobei. Dohin gees Du (N49°37.424 E006° 16.101)

 

C. Kuck Dir daat Monument gudd un. Am engleschen Text, an der 1. Zeil vim 1. Wuert de 4. Buchstab = 2

 

D. Stell Dech elo esou bei daat Monument, dass Du den engleschen Text am Réck hues. Kuck virun der Gemeng erlaanscht riichtaus.. Geseis Du do no riets de klenge Fousgängerwee laanscht d’Gemengenhaus. Deem Wee gees Du elo no. Lénks geseis Du eng Heck a riets hängt un der Mauer e Schaukasten mat Informatiounen iwert d’Gemeng. Géih do laanscht dem Wee no, bis Du direkt hannert der Gemeng op eng Spillplaatz kënns.

 

E. Op der Spillplaatz steet , nieft anere Saachen, 1 Kletterspill mat 8 bloe Sprossen wéi eng Leeder. Do klamm erop op der rietser Sait vun der Leeder a kuck uewen op der iewegter Stang, do steet e Buchstab drop = 1

 

F. Geseis Du déi Rutschbahn, déi wéi e grousst Déier ausgeseit ? Wat ass et fir en Déier ? Géi bei daat déier a stell Dech u seng Sait esou, dass Du d’Sandkëscht hannert Dir hues. Elo kuck Durech dem Déier seng 2 A’en mateneen. Dei Bléck fällt op e schwarzen, daischtere Véiereck deen vu vill faarwege Brieder ëmginn ass. Géih duerch deen daischtere Véiereck derduerch bis hanne wider. Et get daischter. Dréin Dech ëm a kuck no uewen an den Dreieck. Do ass eng Metallscheiw mat engem Buchstab = 3

 

G. Géih eraus nees bis bei d’Klettergestell a Stell Dech esou, dass Du déi eenzel héich blo Stang hannert Dir hues ( an der Räscht vun der Spillplaatz och). De Wee left laanscht Spillplaatz laanscht no riets erof. Géih deem Wee no, bis erof un d’Barrière MAIS NETT OP D’GLEISER GOEN!! BLEIF VIRUN DER GRENGER BARRIERE!!!! Kuck Dir déi Barrière un. Riets donieft steet en eisent Gestell mat engem weisse Schëld mat engem Plang drop, (N49°37.350 E006° 16.130) deen Dir weist wous Du bass. E roude Pfeil weist op e franséischen Text mat 3 Wieder déi heeschen « Dir sidd hei ». De läschte Buchstab vum 3. Wuert = 4

 

H. Elo hues Du all Buchstaben fir de Cache opzekréien. Du muss en awer nach fannen. Duerfir gees Du elo nees de Wee erop bis bei d’Gemeng, also nees fort vun de Gleiser dorop wou’s Du hierkoums. Laanscht d’Spillplaatz bei d’Gemengenhaus. Direkt am Ufank vum Gemenegenhaus geseis Du nees deen Schaukasten an direkt donieft eng Traap fir an d’Gemeng. Géi dorop a stell Dech op den Teppech wou « Schëtter » dropsteet. (N49°37.411 E006° 16.120) Stell Dech mam Réck zur Diir an d’Mëtt vun der Diir a kuck Richtung Kiirch. Virun der Kiirch ass de Kierfecht a virum Kirfecht verleeft eng Mauer déi no riets laanscht de Kierfecht a Richtung Scoutschalet verleeft. Virun der Kirfechtsmauer geseis Du e weist Eisegelänner. Kuck duerch déi 2. an 3. Stief vun deem Gelänner duerch. Do geseis Du e Lach an der Kirfechtsmauer. Géih dohin, do leit de Final (N49°37.437 E006° 16.115). Awer opgepasst datt keen Dech geseit ( Muggel!). Du kriss d’Schatzkëscht op, wanns Du déi 7 Buchstaben an der richteger Reihenfolge angess.

Additional Hints (No hints available.)