Bei de Wëllef, also Jongen a Meedercher tëschent 7 a 11 gëtt an de Versammlunge vill gebastelt. Haut ware si fir d'éischt an de Bësch Material sammele mat dem si dunn Biller gemoolt hunn. Probéiert erauszefanne wat fir eng Sizaine mat wat fir engem Material wat fir ee Bild gemoolt huet.
- d'Wëllef aus de Blo'er Sizaine mole mat Moos
- Giel Sizaine hat hiert Material a manner wéi 15 Minutte fonnt
- de Mowgli ass mat Äscht gemoolt gi, awer net vun der Gieler Sizaine
- Roud Sizaine huet d'Raschka gemoolt
- Gréng Sizaine huet ganzer 20 Minutte gebraucht bis si hiert Material beieneen hate
- Material fir de Baloo ze mole - et war kee Stréi - war an der Zäit vu 10 Minutte fonnt ginn
- D'Wëllef déi zesumme d'Schlaang Kaa gemoolt hunn, waren déi Schnellst beim Sammele vum Material

Koordinaten gi folgendermoosse ausgerechent: De Buchstaw vun der Sizaine get mat der Zuel vum Material verbonne.
Formel vum Final ass :
N49°38.B(C+D)B / 006°09.B(A+B)(B+C)