Dest as eisen éischten Cache. en klengen Tradi op enger schéiner Plaaz.
Den Habschter Kinniksbierg as ganz beléift am Wanter fir d'Kanner mam Schlitt. Vun den Koordinaten aus gesin, as e klengen Bierg hannert iech deen erof geet, een zu aerer rietser Sait, an bessen méi ennen lenks wou ech selwer als Kand oft mam Schlitt gefuer sin.
Am Summer/Hierscht gesidd der hei awer och ganz vill Mais stoen.
Ech bieden Iech den Auto op den Park-Koordinaten stoen ze loossen an e bessen d'Géigend ze genéissen. Mindestens 2x den Dag geet en pensionéierten Polizist hei mat sengem schéinen Hond spazéieren an léist iech mam Auto dann och guer net duerch, ausser dir sidd den Fierschter :-)