Fëschen verbueden Traditional Cache
amaschou: Deen hei geet elo eemool an d'Archiwen.
Gleich gett et neies.
Merci fiir aer Visit.
More
-
Difficulty:
-
-
Terrain:
-
Size:
 (small)
Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions
in our disclaimer.
Dat hei sinn dräi Weieren am Bësch tëscht Dippech an Mamer am Uert " Dippech - Wuesen "
An den Joeren 1983-84 sinn, nodeems op enger Plaatz vun ongeféier 1,5 ha. d'Fiichtenbeem déi hei stoungen ofgeholzt waren, zwee Weier mat enger Waasserdeift vun +- 1 1/2 bis 2 1/2 meter ugeluecht ginn.
Well den Drock vum Waasser awer ze grouss war ass den Däich zwëschen deen zwee Weieren gebrach.
Dorops hin ass am Joer 1984 nach een drëtten Weier ugeluecht ginn wat et erlaabt huet d'héicht vum Waasser méi niddreg ze halen.
Duerch dat méi niddregt Waasser konnt sech no an no och déi typesch Vegetatioun ( Breitblättriger Rohrkolben oder Aestiger Igelkolben asw. ) besser ausbreeden.
Des Planzen hunn et och erlaabt dass sech eng ganz Rei vun Waasservullen wei den Graureiher, Zwergtaucher, Eisvull, Stackiint, d'Teichhuhn asw. konnten usidelen.
Virun enger Rei Joeren huet d'Gemeng Dippech zesummen mam Sicona Westen een Vullenbeobachtungs Haus, wat Dag an Nuecht op ass, um Bord vum Ieweschten Weier gebaut.
Dëst Haischen huet et erlaabt dass jiddereen, wann en wëllt, an Rou an ouni Deieren ze steieren hinnen an hirem neien Doheem kann nokucken.
Leet den Cache w.e.gl. erëm dohin wou dier en fonnt hutt.
Passt op wann der vum Parking 1 iwer d'Strooss gitt !!
Additional Hints
(Decrypt)
Arg qena
Arg qebc zrr qeraare
Treasures
You'll collect a digital Treasure from one of these collections when you find and log this geocache:

Loading Treasures