Ech hun dese Cache geluet fir un den Erdrutsch vun der Monnerecher Bauschuttdeponie ze erenneren, deen virun etlecher Zäit eng Kéier nuets d'Leit vun Monnerech a vun Esch Lalleng iwwerrascht huet. Déi fresch ugelueten Velospist wéi och d'Strooss, déi op Monnerech féiert goufen komplett zerstéiert. Doduerch gin d'Leit déi vun Esch op Monnerech oder emgedréint fuere wellen genervt, si mussen elo all Kéier eng Schläif iwer Féitz oder Eilereng a Kaaf huelen fir un hirt Ziel ze kommen. A genau esou eng Schläif soll dir och elo goen fir de Cache ze fannen. Keng Angscht-dir braucht net d'ganz Streck ze laafen, jhust eng Minischläif vun ongeféier 3 Kilometer.
D'Finalkoordinaten fann dir, wann dir op all Waypoint déi gestallte Frô richteg beäntwert.
Vum Parking fort gidd dir op der lenker Säit Richtung Monnerech, béit duerno op d'Velospist an. Nom WP5 verloost d'Velospist a gidd no riets an de Besch. Bleiwt op desem Wee bis dir no etlecher Zäit nees um Macadamwee erauskommt. Hei gi dir no lenks a kommt nees um Départ eraus.
FN: N x x x 0 x x x
E 0 0 x x 8 7 x 7
WP 1: Beim Haus no 150 gesi Dir riets vum Haus en Ubau mat 2 quadrateschen Fensteren. Zit Zuel vun den Quadrater an der lenkser Fenster oof vun der Zuel vun den Quadrater an der rietser Fenster. Drot är Aentwert an op d'Positioun N6 .
WP 2: D'Scheld vun der Velospist. Wéivill ass den Total vun deenen 2 Zifferen? Aer Aentwert op d'Positiounen N2 an N5
WP 3: Zweschen de Brecken lued Iech d'Eisebunnsbreck an eropzeklammen, wann dir eng Lieder hätt. Well dir awer keng bei iech hutt stell dir iech elo vir, dir hätt eng, an dir géift op der mettelster Spross stoen, Duerno klamm dir 2 Sprossen erop, dann 4 eroof, nach eng Kéier 2 eroof, duerno 5 erop an dann déi lescht 7 Sprossen erop. Dir stitt elo op der ieweschter Spross. Wéivill Sprossen huet d'Lieder. Vun där Zuel rechent dir d'Aentwerten op d'Frôen vum WP 1 an WP2 oof. Droot aer Aentwert an op d'Positioun N3 .
WP 4: Lenkerhand ass hei den Droot un engem eisenen Dreieck festgemaach. Aus der Geometrie wesse mer, dass d'Zomm vun de banneschten Wenkele bei engem Dreieck 180 Grad ergett. A propos Grad,wéivill Grad huet eng honnertprozentesch Steigung? Vun deser Zuel schreiwt déi 1. Ziffer op d'Positioun N1 an E7 an déi 2. Ziffer op d'Positioun E3 an E4 .
WP 5: Hei gesi dir lenkerhand eng eise Part mat engem Schlass drop. Wéi ass de Numm vun der Firma déi d'Schlass hirgestallt huet. Ersetzt d'Buchstawen vum Firmennumm duerch déi Ziffer oder Zuel aus dem Alphabet ( a=1, b=2 bis z=26) an addéiert des Zifferen oder Zuelen. Vum Resultat multiplizéier dir déi 1. Ziffer mat der 2. Ziffer. d'Resultat w.e. glift op d'Positioun N7 aschreiwen.
Dir misst elo D'FN Koordinaten komplett hun.
Vill Spaass beim Léisen vun de Frôen a beim Sichen vum Cache.