Skip to content

Fakellaaf 1 : Départ Traditional Cache

This cache has been archived.

ludegamb: Et ass lo un der zait desen ze archiveiren

More
Hidden : 2/13/2017
Difficulty:
1.5 out of 5
Terrain:
2.5 out of 5

Size: Size:   micro (micro)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:

Eng Serie vun 12 Cachen + engem Bonuscache- Streckelängt: 6 km Macadam a Beschweer


Léiw Geocacher

Niewent dem ING-Marathon, dem Urban Trail Letzebuerg, dem Escher Kulturlaaf gehéiert de Fakellaaf Belle Etoile op jidferfall zu enger vu mengen Lieblingscoursen. D'Eegenheet vun deser Course besteet doranner, dat déi ganz Streck vu 5 Kilometer oofgestach ass mat brennenden Fakelen, déi op des Manéier des Course zu eppes Besonneschem maachen, eng Owescourse, wou d'Fakelen e gespenstescht Liicht op d'Streck werfen an esou fir eng besonnesch Atmosphär suergen. All Joer um éischte Freideg am November, um 18 h 30 fennt des Course statt, an et huelen emmer zweschen 300 a 400 Leefer drun deel.

Des Serie vu 12 Cachen an engem Bonuscache féiert Iech iwer des Streck. Et ass kee Circuit, duerfir hun ech de Parcours em 1 Kilometer verlängert an de Bonuscache zweschen de Kilometer 5 a de Kilometer 6 geluet, fir dat Dir rem bei ärem Auto rauskommt.

A 6 vun deenen 12 Cachen fann Dir am Logbuch de Buchstaaw an d'Ziffer, déi Dir fir de Bonus braucht.

Parkt ären Auto an der rue des Carrières (Stroossen) ( net wäit ewech vun den Startkoordinaten). Dir musst den Disque leen (2 Stonnen).

Eier ech Iech elo d'Streck fräi gin, muss Dir elo mol den 1. Cache sichen.Kuckt no engem Micro hannert engem Bouquet Beemercher.

Fir all Zweedeitegkeeten auszeschléissen; hu Dir de Cache fonnt, da maacht Iech elo op de Wee Richtung Häiser, net Richtung Gewaan.

Vill Spaass bei deser Serie, machbar zu Fouss, mam Mountainbike wéi och mat Kannerbuggy (mat méi groussen Rieder).

Additional Hints (Decrypt)

unaareg ratrz Obhdhrg Orrzrepure

Decryption Key

A|B|C|D|E|F|G|H|I|J|K|L|M
-------------------------
N|O|P|Q|R|S|T|U|V|W|X|Y|Z

(letter above equals below, and vice versa)