Des Cacheserie besteet aus 11 Cachen an engem Bonuscache.
An deenen verschiddenen Dousen fann Dir Puzzlestecker, déi, wann Dir saemtlech Dousen fannt,an de Puzzle richteg zesummebaut, D'Koordinaten fir de Bonuscache krit.
D'Puzzlestecker fir d'Nordkoordinat si giel, déi fir d'Ostkoordinat rosa.
An den Dousen kennen leien: 0, 1, 2,3, oder 4 Puzzlestecker.
Hu Dir eng Dous fonnt zeechent Iech Puzzlesteck op e Karton an zeechent den Inhalt sou genee wéi méiglech an.
Brengt mat: 1) zwee oder dräi méi deck Blieder
2) e gielen an e rosaen Textmarker
3) eng Schéier
An elo vill Spaass beim Wanderen, Sichen, Zeechnen , Ausschneiden , Gruewen, an hoffentlech och beim Bonus loggen.
W.e.glift. passt beim Opmaachen vun den Dousen op: d'Puzzlestecker sin fragile. Leet alles nees esou op seng Plaaz, wéi et lung w.e.glift.