Dëst ass en Geocache speziell fir all d'Minicacheren dobaussen!
Den Cents ass e richtegt Kannerparadies: nët nëmmen gëtt et hei 13(!) verschidden Spillplazen. Tëschent den Häiser gëtt et och eng Partie Foussgängerpiedercher, wou d'Kanner sécher mat der Trottinette oder dem Velo ënnerwee kënne sinn. Dëse Multi vun ongeféier 3 Kilometer ass hoffentlech zimmlech onkomplizéiert ze fannen. Falls d'Kanner relax vun all WP profitéiere wëllen, da rechent roueg 3,5 bis 4 Stonnen an.
Klickt ënnen op "Biller" an kuckt iech d'Fotoen un. Dir musst just op all WP kucken, wat fir eng Foto do gemat ginn ass an d'Zuel ënnert der Foto beim Buschtaw androen. Domatter kritt dir d'Koordinaten fir bei den nächsten WP an zum Schluss och fir bis bei de Final. Och bei manner schéinem Wieder ass dësen Tour gudd ze meeschteren, wann een eng Matschbox unhuet. Profitéiert gudd vun allen WPs! Vergiesst nët eng Klengegkeet matzebréngen fir ze tauschen!