Skip to content

Dem klengen Zombie säin leeschte Wee Multi-Cache

This cache has been archived.

DeiAusDemNorden: Sou mecht cachen kee Spass meih.Mir waren e klenge Gruppe am Norden dei Spass hatten puer Cachen ze leen an och mol Rätsel ze machen.Wann een Event war hu mir gär Team F.Ranger ennerstetzt dass Sie net ze vill Arbecht hatten.Schued dass een Flemm agedriwwen kritt,sou hu mir beschloss Team ze verlossen an DeiausDemNorden ze löschen. Mir soen Iech all merci fir de Besuch bei de Cachen.

Jemp an Caroline sorry denen aneren 3:(

More
Hidden : 10/29/2018
Difficulty:
3 out of 5
Terrain:
4 out of 5

Size: Size:   large (large)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


Ett war an enger kaaler däischterer Halloween-nuecht wou deen klengen Zombie sech verlaaf haat!
Ganz alleng stoung hien an der Däischtert op engem klengen Parking!
Mat senger Fackel am Grapp huet hien sech op den Wee gemaach, an ëmmer erëm ass hien vun rouden Aaen ugekuckt gin.
Wei hien dun awer vun engem wäissen Aa ugekuckt gouf, ass Zombie esou erfeiert, dass hien sech hei verstoppt huet!
 Eiert hien sech aus senger Stopp eraus getraut huet fir weider zelaafen, huet hien  eng Nooricht hannerloos!
Nach ëmmer vun rouden Aaen beobacht ass hien weider gaang bis bei een gielt Aan!
Hei ass hien nët erschreckt an huet mat senger magescher Fackel deen richtegen Wee fonnt!
A schon mecht en sech  rem op de Wee ,an  am däischteren Bësch hun dei roud Aan hien nach emmer ugekuckt!
Do war schon ërem een wäisst Aa, a fir deen beissen Geescht ze besänftegen huet hien sain lëscht Stëck Proviant geopfert an ass weider gang.
A nees ass deen klengen Zombie bei een ecklecht Deier mat wäissem Aa komm!
Hien huet all sain Mut zesummen gehol an sech daat Deier mol ugekuckt!
Dono ass hien schnell  weider gelaaf, ëmmer begleed vun deenen rouden Aaen!
Och bei dem nächsten wäissen Aa huet hien sech ërem ebessi erschreckt an awer huet hien och hei meih genee gekuckt!
Elo wosst hien endlech deen richtegen Wee an ass schnell Heem gelaaf!

Additional Hints (No hints available.)