Skip to content

Bettembvrcher Weekräizer – De Mvlti Multi-Cache

Hidden : 8/11/2019
Difficulty:
2 out of 5
Terrain:
2 out of 5

Size: Size:   small (small)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


E klenge Multi vun +-1,5km durch Beetebuerg. Entdeckt hei e puer Weekräizer.

WP1: an der Escherstrooss um Eck fir an de Schlasspark.

Opschrëft:

ANNO 1ABC HABEN DIE GEMEINEHERN ZV BETTEMBVRCH GOTT DEM ALMECHTIGEN ZV LOEB VND EHREN DIES CVRCIFIX MACHE VND VFFRICHTEN LASSEN.

D= eestellech QS vun A+B+C

WP2: an der Lëtzbuergerstrooss um Eck mat der Escherstrooss.

Opschrëft:

WAGNER SAMSON ZVR ZEIT MEIER HEINRICH MVLNER LORENS SCHMIDT AO 1E2F REMI SIMON.

G= eestellech QS vun E+F

WP3: an der Tanneriestrooss niewt der Entrée vum Altersheim.

Opschrëft:

ANNO 166H HABEN DIE GEMEINE ZU BETTEMBURCH GOTT DEN ALMECHTIGEN ZU LOB UND EHREN DIES CRUCIFIX MACHEN UND UFFRICHTEN LASSEN.

WP4: bei der Kapell op der Place de la Paix

Den Buchstawenwert vun den drei eischten Buchstawen zesummegerechent ass den I.

Final: N49°31.B (A+E+E+D-I) F' E006°05. H (C+H-G) E

(A+B+C+D+E+F+G+H+I=50)

E Weekräiz ass e Kräiz dat u Weekräizungen, op engem Wee oder enger Strooss, um Feld oder am Bësch stoe kann. Et kann aus verschiddene Materialer sinn, wéi Steen, Holz oder Metall.

Si stamen aus de vergaangene Joerhonnerten a sinn Ausdrock vun der Volleksfrëmmegkeet. Dacks ass eng Joreszuel an/oder eng Opschrëft ze gesinn. Verschidde Weekräizer goufen zum Schutz géint d'Witterung an eng Weekapell gesat.

Zu Lëtzebuerg gëtt et virun allem Weekräizer aus Steen, déi d'Form vun enger rechteckeger Sail hunn, mat uewendrop engem méi breede Kappstéck, op deem eng Kräizegungszeen duergestallt ass. Op der Sail ass och muenchmol e Relief vun engem Hellegen oder et sinn aner Dekoratiounen ze fannen.

Nuvola apps xmag.png

En etlech goufen opgeriicht fir un en Evenement dat op där Plaz war, z'erënneren, z. B. en Accident mat Doudesfolleg, e Krichsevenement, oder fir u besonnesch Persounen dacks Zaldoten oder Resistenzler z'erënneren déi op där Plaz gefall waren oder ermuert goufen.

Additional Hints (No hints available.)