Skip to content

Zolwerknapp Mystery Cache

This cache has been archived.

Gollo71: ...

More
Hidden : 8/25/2020
Difficulty:
2 out of 5
Terrain:
2.5 out of 5

Size: Size:   micro (micro)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


D'Legend erzielt, datt viru méi wéi 600 Joer op der Buerg Zolwer den Alexander, dem Gespréich no e Raubritter aus dem Templeruerden, gehaust huet. Et war e raffinéierten a gefaarte Mann. Seng Päerd sollen hannevir beschloe gi sinn, fir eventuell Verfolleger an déi falsch Richtung ze féieren.

Net wäit ewech vum Zolwerknapp, zu Bieles op engem Hiwwel, huet och e Raubritter gewunnt, den Taran.

Allebéid ware se Meeschter an der Ëmgéigend an hate mateneen dee gréisste Sträit. Sou koum et eng Kéier, datt den Alexander an engem Krich géint den Taran geschloe gouf a sech a seng Buerg huet missen zréckzéien. Obschonn hie sech verzweiwelt gewiert huet, huet e sech missen erginn. Seng Fra louch virum Taran um Buedem ze kräischen an huet gebiedelt, si an hire Mann goen ze loossen. Den Taran hat näischt dogéint, awer nëmmen ënner der Konditioun, datt se nëmme souvill mathuelen däerften, wéi en Iesel op sengem Réck droe kéint. Eréischt op där Plaz, wou den Iesel vu Middegkeet zesummegéing, däerfte si sech nidderloossen.

Dem Alexander seng Fra huet souvill wéi méiglech op de Réck vum Iesel getässelt, nodeem se hiert Gold an de Pëtz gehäit hat. Hire verwonnte Mann huet si op den Halsebockel geholl, a sou si se an déi Richtung gaangen, wou haut Déifferdeng läit. Do wou déi Déifferdanger Mille stoung a wou de Buedem suppeg war, hat den Iesel Schwieregkeeten. Aus Angscht, op dëser Plaz fir ëmmer liewen ze missen, huet dem Alexander seng Fra den Iesel gegäisselt an en dozou bruecht, nach e puer Meter méi wäit op en Hiwwel ze klammen. Op dëser Plaz hu se sech en neit Schlass gebaut. Nach haut steet e Schlass do an nach haut leien d'Schätz vum Alexander am Pëtz um Zolwerknapp...

 

https://www.youtube.com/watch?v=rPMuQ3i6HWA

https://www.jigidi.com/solve/3jwvtm1r/geocaching/

 

Additional Hints (No hints available.)