Léif Cacherfrënn,
Ech wëll Iech haut mathuelen op de „Wäisstorchwee“. Dës Miniserie besteet aus 3 Tradien, 1 Multi an 1 Mystery. Déi 3 Tradien leeden Iech vum Parking bis bei den Ufank vum Wäisstorchwee, duerno iwerhëllt de Multi ,an de Mystery féiert Iech neess Richtung Parking.
Dëse Wee huet et an sech (wéinst Bulli) an ech recommandéiren Iech en nëmmen bei drëchenem Wieder ze maaan, et sief, Dir sid net krideleg, reent et ass de Wee suppeg an Dir kritt secher naass Féiss.
( Ausser Dir hut dëck Schung oder Stiwelen bei Iech) Bei schéinem , drëchene Wieder ass et e Genoss dëse Wee ze trëppelen.
Dir dierft op Kee Fall de baliséierte Wee verloossen. Hu Dir Kanner bei Iech, passt gut op se op.
Mat Kannerbuggien ass de Wee net ze maan, nëmmen zu Fouss, och Veloen oder Mountainbikes sollen ewech bleiwen.
Déi ganz Streck huet ongeféier 5,5 Kilometer.
Ech wënschen Iech vill Spaass bei dëser Serie.
Hu Dir e Problem: 661 22 11 52