Skip to content

Keltenhaus Virtual Reward 3.0 Virtual Cache

Hidden : 2/12/2023
Difficulty:
1.5 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   virtual (virtual)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


D’Geschicht vum Keltenhaus

 

 

Native Village Neihaischen, wéi alles ugefaang huet

Et war am Joer 2003, wéi e puer Leit no Gespréicher mat den deemolegen Commissaire généraux ugefaang hunn, um Neihaischen Aktivitéiten fir Guiden-/Scoutsgruppen a Schoulklassen ze organiséieren. D’Fro déi mir eis deemools gestallt hunn, war déi vun wéi eng Aktivitéiten a firwat?
Mir waren relativ séier décidéiert den Akzent vun eiser Aarbecht um Neihaischen, am Beräich vun der Naturerzeiung, ze setzen.

 

                                                                               

 

Firwat Naturerzeiung?

D’Liewen an der Natur an d’Kenntnis vun der Natur waren a sinn ee wichtegt pedagogescht Mëttel am Guidissem/Scoutissem. Vill vun eisen Aktivitéiten sinn dobaussen an eis Methoden sinn op e Liewen an a mat der Natur ausgeriicht.
Sou stellt d’ Liewen an der Natur d’Guiden a Scoute virun eng Rei vun Ufuerderungen déi si nëmme mat Iwwerleeungen, Kenntnisser an Teamgeescht léise kënnen. D’Méiglechkeet fir des Kompetenzen ze entwéckelen, kréie si soss an eiser Gesellschaft kaum gebueden.

Leider spillt d’Natur an de leschte Joren an eisen alldeeglechen Aktivitéiten net ëmmer eng zentral Roll. Et war an ass dem Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten awer wichteg, eis Kanner, Jugendlech an och d’Chef/Cheftainë fir d’Ëmwelproblematik ze sensibiliséieren.

 

Naturerzéiung mat Hëllef vun den Naturvölker

Wie vun eis huet net schonns Kometen, Expeditiounen oder Entreprisen zu Theme wéi Indianer, Robin Hood, … gemaach. Hei gouf ëmmer spilleresch probéiert an d’ Welt vun där Zäit oder deene Personnagen an ze dauchen. Duerch d’Spille vum Alldag vun z.B. den Indianer oder de Kelten (Asterix an Obelix) hu mir och ëmmer vill iwwert hir einfach an Natur verbonnen Liewensweis geléiert. D’Wëssen an den Ëmgank an a mat der Natur bei villen Naturvölker wéi d’Indianer an Nord-Amerika, d’Urawunner an Australien oder Afrika, eis Virfahren d’Kelten, … sinn an der haiteger Ëmwelterzéiung vun onschätzbarem Wäert. D’ Vermëttele vun dësem Wëssen duerch Geschichten, Spiller an handwierklech Aktivitéiten erméiglecht de Kanner d’Ëmwelt, an där mir liewen, kennen ze leieren an d’ Zesummenhäng besser ze verstoen.

 

                                                                   


De Bau vum Keltenhaus an de Start vum Native Village

Péngschten 2005 huet alles mat der Route ugefaang, wou während e puer Deeg RaRo aus dem ganze Land mam Bau vun eisem Keltenhaus ugefaangen hunn. Während dräi Joer hunn ronn 800 Guiden a Scouten aus 25 verschiddenen lokalen Gruppen, sou wéi iwwert 1.200 Schoulkanner während engem Dag, Weekender oder engem Camp um Bau vum Keltenhaus gehollef. Eng grouss Ënnerstëtzung bei der Realisatioun vum Bau war an ass eise Partner, d’Bësch an Naturverwaltung.

Di finanziell Ënnerstëtzung vum SNJ, der Forstverwaltung, vu Firmen, durch privat Don’en,… an durch vill Benefizaktiounen war fir d’Realisatioun vum Projet ganz wichteg.

Pëngschten 2008 konnt du no dräi Joer Bauzäit d’Keltenhaus am Kader vum éischten Bealtainefestival ageweit ginn. An de Joeren dono a bis haut hunn e puer dausend Kanner a Jugendlecher eng flott an léierräich Zäit am Native Village erlieft. Sou wäerte mir och an den nächsten Joeren flott, spannend an edukativ wichteg Aktivitéiten am Beräich vun der Naturerzéihung ubidden.

 

                                                                    

 

D’Zuelen vum Keltenhaus

D’Keltenhaus ass 25m laang, 14m breet an huet eng Héicht vun 14 Meter. Et goufen ongeféier 1000 kg Neel/Gewennstangen/Droht an iwwert 7 Tonnen Lehm verschafft. Den Dach ass mat ronn 12.000 Botten Schilf gedeckt ginn. Dëst sinn nieft den villen Aarbechtsstonnen impressionant Zuelen, Zuelen déi fir en laangjäregt Engagement stinn.

Source: www.nativevillage.lgs.lu

Den ganzen Site ass op Privatterrain, ech krut awer Erlaabnis vir hei een Virtual Cache ze machen.

 

Logbedingung:
Fir dësen Cache ze loggen,  maacht w.e.g. :
 
eng Foto vun iech mat ärem GC-Nicknumm an mam Sklett (Kapp) um Poto am Hannergrond
oder
eng Foto mam GPS an ärem GC-Nicknumm mam Sklett (Kapp) um Poto am Hannergrond
 
All Log, wou d'Foto nët op den Koordinaten geholl gin ass, gëtt kommentarlos geläscht!

                                                          

!!!  Oppassen  !!!
Op deser Plaatz ass oft an der Vakanzenzait an
Weekends  Muggelalarm

 

 

                                   

<a href="https://coord.info/GC9P4X6" target="_blank"><img src="https://img.geocaching.com:443/5ffeb896-3546-45f2-a469-093ba709a5b2.jpg"></a>

 

 

Nach een groussen MERCI un Sawi52 fir den Banner

 

 

Virtual Rewards 3.0 - 2022-2023

This Virtual Cache is part of a limited release of Virtuals created between March 1, 2022 and March 1, 2023. Only 4,000 cache owners were given the opportunity to hide a Virtual Cache. Learn more about Virtual Rewards 3.0 on the Geocaching Blog.

Additional Hints (No hints available.)