Skip to content

🎁🎄 Wiichtel-Event 2023 🎄🎁 Event Cache

This cache has been archived.

Bommeleeër: All geloggt, also an an d'Archiv! ☺️

More
Hidden : Saturday, December 23, 2023
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   other (other)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:

23 December 2023, 17:00 - 18:30

 

HoHoHo léif Frënn,

 

Mir invitéieren iech den 23. Dezember op e Wiichtel-Event bei eis doheem op der Terrass (bei Reen an der Garage). Bei engem gemittleche Feierchen zervéiere mir e waarme Viz (mat oder ouni Schuss). Den Highlight vum Event ass d'Auslousung vun de Wiichtel-Kaddoen. 🎁🎁🎁

 

 

Wéi funktionéiert wiichtelen?

 

- Mir stellen en Dësch op, fir d'Kaddoen ze sammelen. Vun 17:00 bis 17:30 kann een säi Kaddo ofginn.

- Fir all Kaddo, deen een op den Dësch stellt, dierf een 1 Ziedel mat sengem Numm an d'Lousdëppen geheien. Ob dir als Team zesummen eppes verschenkt, oder all Team-Member eenzel, dat ass iech iwwerlooss. Jiddereen deen ee Kaddo verschenkt, kritt och ee Kaddo zréck 😉

- Et ass jidderengem fräigestallt ze schenken, wat e schenke wëll. De Kaddo muss net zwéngend mat Geocaching ze dinn hunn, dierf awer. Et soll einfach eng Klengegkeet sinn, mat där een eng aner Persoun ka frou maachen. 

(Et ass KEEN Schrottwichtelen!)

- Mir sin lo puermol gefrot ginn, wéi ee Wäert de Kaddo soll hun. Eigentlech wollte mir dat net festleeën, mee als Unhaltspunkt kéint een em 10€ soen. Mee jiddereen kann awer maachen wéi e mengt. Et muss och net kaaft sinn, et kann een och selwer kreativ sinn, wann ee flott Talenter huet 😉

- Um 17:30 lousen eis Mini-Wiichtelen dann aus, wien wéi ee Kaddo geschenkt kritt.🎁🎁🎁

- Dono bleift nach genuch Zäit fir bei engem waarme Gedrénks mateneen ze poteren an eng flott Zäit ze hunn.

 

Aus Plazgrënn ass den Event op 30 Leit limitéiert. Dofir mellt iech w.e.g. un! 😄

 

Léif Gréiss,

d'Famill Bommeleeër 💣💣💣💣

 

 

Additional Hints (No hints available.)