Mir lueden Iech heimat häerzlech op den 1. Quizowend fir Geocacher zu Lëtzebuerg an.
Treffpunkt ass den 22. Mäerz 2024 op de Rollenger Weieren zu Lamadelaine. D’Logbuch ass mindestens vun 18:00 bis 22:00 sur place an et kënnen natierlech och Tbs getosch ginn. Direkt bei der Location si genuch Parkplazen.
Wien eppes iesse wëll soll géint 18:00 ukommen, de Quiz selwer geet um 19:30 lass.
Dir hut de choix tëscht:
- Ham, Fritten an Zalot 19 €
- Kniddelen mat Speck 14 €
- Salade Scampi 20 €
(Vegetarische Plat op Ufro)
Gitt w.e.g. bei ärem “Will Attend” un zu wéivill der kommt a wat dir iesse wëllt. Deadline fir d’Iessen ze bestellen ass de 15. Mäerz.
Gespillt gëtt an Equippe vu 5 Leit. Iwwerleet iech en Numm fir Är Equipe, deen der bei der Umeldung matdeelt. Eenzel Spiller sinn och wëllkomm a gi vun eis an Equippen zesumme geluecht.
Am ganze gi 6 Ronnen aus ganz ënnerschiddleche Wëssensgebidder gespillt, do misst fir jiddereen eppes derbäi sinn. Pro Ronn hu dir ongeféier 15 Minutten Zeit fir ze rätselen.
Et ass kloer, dass guer keng ECA erlaabt ass, Handy sinn ausser Sichtweit ze verstaue wärend gequizt gëtt. Ween ganz dringend muss wärend enger Ronn telefonéieren, whatsappen oder op d’Toilette goen, dee verléisst de Raum a bleif dobausse bis di aktuell Ronn ofgeschloss ass.
Den Event ass op 40 Leit begrenzt, duerno gëtt eng Waardelëscht opgemaach. Meld iech w.e.g nëmmen un wann der sécher kannt kommen (sauf imprévu).
Bréngt gutt Laun a vill Wësse mat, da gëtt et bestëmmt e flotten Owend.
|
Umeldungen
|
| Teamnumm |
Memberen |
Ham, Fritten & Zalot |
Kniddelen |
Vegetarisch |
| 5 Quizzers of Oz |
Maya's Team (2)
Marc 3 Scapa
Aeroparrot
LadyAeroparrot
|
2 |
2 |
1 |
| Monkeys |
NLLN (2)
49Tiger
Raffa- (2)
|
1 |
4 |
|
| natkiku |
natfock (2)
Häppykiku
Kooyue
|
2 |
2 |
|
| gëffeens.lu |
2CL
Vanessah92
Weff
kaweechelchen
easiman
|
|
|
|