D'Neelchesbierenallee (ca 1,3km) besteet aus ronn 200 Bierebeem, deenen hire geneeën Alter net bekannt ass. Fir dat Nëtzlecht mat deem Agreabelen ze verbannen, wieren d'Beem engersäits gesat gi fir de Kuergäscht déi op Munneref an de Bad koumen den Openthalt ze verschéineren an anersäits fir aus de Bieren eng Neelchesdrëpp ze brennen.