GeoGuessr ass en Online-Spill, wou s de muss roden, wou op der Welt s de bass, baséiert op zoufällegen Biller vun Google Street View. Du kanns dech ëmkucken an versichen, unhand vun der Ëmgéigend ze bestëmmen, a wat fir engem Land oder a wat fir enger Stad s de bass. Wat deng Vermutung méi no um richtege Standuert ass, wat méi Punkte kriss de.
Rätsel
Well ech dëst Spill ganz interessant fonnt hunn, hunn ech mir iwwerluet, wéi ech en Mystery Cache doraus kéint maachen, an esou hunn ech dat Ganzt elo ëmgesat:
Hei am Listing sinn 4 Biller ze fannen, déi ech aus Google Street View eraus fotograféiert hunn, an dir musst dës Biller analyséieren an unhand vun e puer Mierkmoler den richtegen Stroßennum erausfannen. Wann dir all eenzel Bild den richtegen Stroßennum zougeuerdnet hutt, gëtt de Checker gréng an dir kritt d'Koordinaten fir de Cache.
INFOs:
Beim nr 1 steet Stross falsch um Google Maps, hei musst dir entweder iech d'Schëld iwwert den Street View ukucken oder eng aner Kaart huelen als Tipp, fir dass keng Feeler passéieren. Den Numm fänkt richteg mat mo... un!
Et sinn nëmmen Stroossen dobäi, déi en Numm hunn, also keng A7 oder esou!
Am Checker steet den Numm ëmmer esou wéi en um Schëld um Ufank vun der Strooss steet, just alles kleng geschriwwen!
An och keen ö, ä, é!
1

2

3

4
