1 Mäerz 2025, 18:00 - 22:00 Auer
Mir lueden Iech heimat häerzlech op den 2. Quizowend fir Geocacher zu Lëtzebuerg an. Dës Kéier konnte mer d'Location fir Samsdes reservéieren, soudass der (normalerweis) ouni Stau dohin kommt.
Treffpunkt ass den 1. Mäerz 2025 op de Rollenger Weieren zu Lamadelaine. D’Logbuch ass mindestens vun 18:00 bis 22:00 sur place an et kënnen natierlech och Tbs getosch ginn. Direkt bei der Location si genuch Parkplazen.
Wien eppes iesse wëll soll géint 18:00 ukommen, de Quiz selwer starte mer géint 19:30.
Dir hut de choix tëscht:
- Ham, Fritten an Zalot 19 €
- Bouchée à la reine 18 €
- Kniddelen mat Speck 14 €
- Veggie Burger 16 €
Gitt w.e.g. bei ärem “Will Attend” un zu wéivill der kommt a wat dir iesse wëllt. Deadline fir d’Iessen ze bestellen ass den 22. Februar.
Gespillt gëtt an Equippe vu 5-6 Leit. Iwwerleet iech en Numm fir är Equipe, deen der bei der Umeldung matdeelt. Eenzel Spiller sinn och wëllkomm a gi vun eis an Equippen zesumme geluecht. Natierlech däerft der är Equipe och mat Muggelen verstäerken. Als klengen Tipp, et ass definitiv vu Virdeel wann d'Altersstruktur vun der Equipe méiglechst ënnerschiddlech ass.
Op villfache Wonsch gin dës Kéier just 5 Ronnen gespillt, aus ganz ënnerschiddleche Wëssensgebidder, do misst fir jiddereen eppes derbäi sinn. Pro Ronn hu dir 15 bis 20 Minutten Zeit fir ze rätselen.
Et ass kloer, dass guer keng ECA erlaabt ass, den Handy ass ausser Sichtweit ze verstaue wärend gequizt gëtt. Ween ganz dringend muss wärend enger Ronn telefonéieren, whatsappen oder op d’Toilette goen, dee verléisst de Raum a bleif dobausse bis di aktuell Ronn ofgeschloss ass.
Den Event ass op 40 Leit begrenzt, duerno gëtt eng Waardelëscht opgemaach. Meld iech w.e.g nëmmen un wann der sécher kannt kommen (sauf imprévu).
Bréngt gutt Laun a vill Wësse mat, da gëtt et bestëmmt rem e flotten Owend.
| UMELDUNGEN |
| Teamnumm |
Memberen |
Ham, Fritten & Zalot |
Bouchée |
Veggie Burger |
Kniddelen |
| POBAGIBIZO |
Bartimaeus
Pouxsit
Gilbert 18
Bili08
ZotteliTeam (2)
|
5 |
1 |
|
|
| MONKEYS |
NLLN (2)
49Tiger
Rudy67
Raffa- (2)
|
1
|
|
|
5 |
| TEAM 25 |
quattro71
Klappstull
caracol13
FabiFros
AnEe72
Garfield
|
3 |
1 |
|
2 |
|
Queens & Kings -
three of a kind
|
Maya's Team (2)
Marc 3 Scapa
Emmazett
Aeroparrot
LadyAeroparrot
|
4 |
|
1 |
1 |
| gëffeens.lu |
2CL
easiman
vanessah92
weff
maischen
kaweechelchen
|
|
3 |
|
3 |
| Bräiläffel |
Bommeleeër (2)
Sawi52 (2)
Goofishon
Gëftraten
|
1 |
4 |
1 |
|
| HP-Deluxe |
Luxi214
Luxette273
Vulux
Folli76 (2)
Liis06
|
1 |
5 |
|
|
| Warteliste |
|
|
|
|
|
|
kayzersose
Schoof1971
TheGeoDocs
|
|
|
|
|
|
----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Community Celebration Events - 2025
This Event is part of a limited release of Community Celebration Events to celebrate 25 years of geocaching. Geocachers hosted events between January 1, 2025 and December 31, 2025. Learn more about Community Celebration Events on the Geocaching Blog.