Skip to content

Oh Nee, Nein Nein ... itz e Miss Teri Mystery Cache

Hidden : 12/12/2024
Difficulty:
4 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   micro (micro)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


I. Avant-propos :

Op dëse reng fiktiven Koordinaten ass natierlech näischt ze fannen, den Checker am Listing wäerd Iech déi richteg Endkoordinaten ginn. A bei de Froen ass selbstverständlech munchmol e bësse Witz dobäi wéi och e bëssen out-of-the-box-thinking. Vergiesst net eppes fir ze schreiwe matzebrengen - BYOP.

Emmer wiere meng Listings op Englesch, Franséisch oder Däitsch an zevill textlastig. Abee gutt, dann hei ee Listing a mengem Lieblingsformat : dem Mystery an op lëtzebuergesch! Fir eis friemsproocheg Interessenten zu dësem Mystery, giff ech Iech da bieden via Copy (ctrl + c) & Paste (ctrl + v) an engem online Iwwersetzungstool d'Froestellunge ze fannen - Merci fir Ärt Versteesdemech.

For the English wording, Please make use of an online translation tool - Für den deutschprachigen Text ggf. eine internetgestützte Übersetzungsplattform benutzen - Pour le texte en français, merci d'utiliser un outil de traduction en ligne.


II. Intro :

Moin,

Wie kennt den Daniel Moutinho? (z.B. op fb), ee Superkärel - hei ee fräi erfonntene Spin-off zu senge Personnagen dem Manuel an dem Franz :

M : Dis Franz, tu connais le Géocaching, la chasse au trésor téléguidée à l'aide de satelittes?

F : Oh Ja, le Géocatching avec les poîtes Tupperware et les machines dans le ciel, von SES Betzdorf. Ja, je connais!

M : Maintenant, on va faire une de ces aventures, récemment publiée à Leudelange!

F : Ach so. L'oeil de l'ange là où les filles sont plus jolies que les vaches sur la prairie! Ja Ja.

M : Tiens Franz voici le code : GCB0H0T !

F : Mach 3 Scapa, Oh Nee Nein Nein, c'est une Miss Teri!


III. Risiken a Niewewierkungen :

Rätsel stimuléieren net nëmmen d'Synapsen am Grousshiir, mee féieren och zu enger effektiver Reduktioun vum Stress. An eisem Alldag akkumuléiere mir wéinst Ängscht a Frustratiounen Stresshormonen, déi eis kierperlech a mental Leeschtung limitéieren. Wann eise cerebrale motivational Circuit gestéiert ass, kann eng negativ Kettenreaktioun optrieden : niddereg Niveaue vu Serotonin an Dopamin reduzéieren d'Motivatioun an d'Leeschtung. Beviirstoend Aufgaben gi méi schwéier fir déi Betraffen an d'Chancen op Erfolleg ginn erof. Dëst verursaacht neie Stress an stéiert eise Belounungssystem, a schaaft en nach méi grousse Mangel u motivéierend Gléckshormonen. Dëse Puzzle soll Iech oflenken vum stressegen Alldag an Iech e klengt Gefill vu Succès ginn. D'Serotonin- an Dopamin-Niveauen klammen erëm a dir kënnt neess méi effizient denken.


IV. Froen :

*) bei der Wuert- bzw. Titel-Längt vun de passenden Äntwerten sinn d'Espacen tëschend de verschiddene Wierder net matgezielt.

1. Musek -

Gesicht get eng Museksgrupp (am Total : 9 Digits)?

2. Musek

- Gesicht get eng Museksgrupp (am Total : 10 Digits)?

3. Film a Fernseh

- Gesicht get den Originaltitel vun der Produktioun (am Total : 13 Buschtawen)?

4. Musek

- Gesicht get ee Musekstitel (am Total : 7 Digits)?

5. Musek

- Gesicht get eng Museksgrupp (Originalschreifweis, am Total : 11 Digits)?

6. Film a Fernseh

- Gesicht get den Originaltitel vun der Produktioun (am Total : 23 Buschtawen)?

Oh Nee, Nein Nein ... itz e Miss Teri

Additional Hints (Decrypt)

Pbagnvare : fpujnnem 35-zz-Svyzqbhf

Decryption Key

A|B|C|D|E|F|G|H|I|J|K|L|M
-------------------------
N|O|P|Q|R|S|T|U|V|W|X|Y|Z

(letter above equals below, and vice versa)