100 Joer EPE-LTE-LGK
Am Kader vun eisen 100-Joer-Feierlechkeeten huet eis Schräiner-Klass DP1MB e flott Insektenhaus gebaut, wat gläichzäiteg als Geocache fungéiert.
D'Schwieregkeet hei ass net, de Cache ze fannen, mee de Code erauszefanne fir un d'Logbuch ze kommen.
Fir d'Schlass opzekréie brauch een 3 Zuelen. Zwou dovu fënnt een um Cache selwer, wann ee gutt sicht...
Fir déi 3. Zuel muss een d'Quersomme vun deem Joer huelen, an deem de Lycée, deemools nach Ecole professionnelle de l’Etat d’Esch-sur-Alzette, verstaatlecht gouf.
Déi lescht Challenge ass dann nach fir d'Këscht mam Logbuch opzekréien.
W.e.g. respektéiert d'Aarbescht vun eise Schüler. Et muss näischt futti gemaach ginn, alles geet mat e bësse Fangerspëtzegefill. Sicht w.e.g. nët an denen duerchgestrachene Beraicher. (Foto)
Sidd w.e.g. diskret beim Loggen, hei lafe vill Muggel-Schüler ronderëm.
Vill Spaass beim Sichen!