Skip to content

Dierchen vum 10. Dezember gëtt opgemeet Event Cache

This cache has been archived.

Geocaching HQ Admin: Thank you for hosting this geocaching Event! The date of the Event has passed. We automatically archive Events after 30 days (60 days for Mega- and Giga-Events). Attendees can still log archived Events, log trackables, and share their experiences.

More
Hidden : Wednesday, December 10, 2025
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   other (other)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


Mam Opmaache vun der 10. Dierchen vum Adventskalenner soll e bësse Liicht an dës däischter Zäit kommen. Ech sinn iwwerzeecht, wann der zu vill kommt, da gëtt dat e richtigt Fest virum grousse Fest vu Chrëschdag. Matzebrengen ass eigentlich näischt ausser gudd Laun...

Et gëtt kee Feier fir sech ze wiermen a Glühwäin ze kachen. Et ass awer jidderengem fräigestallt, sech seng Thermosfläsch matt sengem Lieblingsgedrénks mattzebrengen. Ech suergen dervir, datt der eppes hutt, fir an iert waarmt Gedrénks ze zappen oder einfach esou ze knabberen. Huelt ieren Dreck erëm matt heem, dann ass beim CITO manner ze sammelen.

Et ass hei och nit anescht, wéi wann der soss cache gitt: Ditt iech dem Wieder no un! Et ass alles dobaussen um fräie Feld (Parking). Wann een et wëll méi gemittlich hunn, muss e scho säin eegene Stull (muss kee Klappstull si) mattbréngen.

Wie wëll ka gären TBe a Geocoins tauschen, discoveren an och loggen. Jidderee wéi e Loscht huet (ech bréngen en Dëschëlche matt, fir alles drop auszebreeden an och d'Logbuch dropzeleeën).

Wann ech all déi Kockel-Treffe kucken, wou ech bis elo gäer derbäi war, da wees ech datt gäer a vill geschnësst gëtt an ëmmer eng gudd Atmosphär ass. Dat soll an der Adventszäit nit anescht sinn. Och du kanns derzou bäidron, datt dëst Treffen erëm zu engem flotten Event gëtt.

Bis dann ech freeë mech

sisifus026 

Additional Hints (No hints available.)