Ech plangen, no a no, déi verschidde Gemengen hei am schéine Lëtzebuerg ze besichen an dobäi dierf natierlech e Geocaching Event net feelen.
Ech géif mech freeën, fir zesummen, e gemittleche Moment ze verbréngen, iwwert eist gemeinsaamt Hobby ze schwätzen, Erfarungen auszetauschen an einfach eng gutt Zäit ze hunn.
Natierlech sinn Trackables och wëllkomm, bréngt gär är TBs oder Geocoins mat, fir se ze discoveren oder ze tauschen.
Egal ob Dir schonn zanter Joren dobäi sidd oder just ugefaangen hutt, jiddereen ass häerzlech wëllkomm!
Ech freeë mech schonn drop, vill bekannte Gesiichter erëmzegesinn an och nei Leit kennen ze léieren!
