Léiw Geocacher,
Ech invitéieren Iech heimat op eng kleng Weltrees.
D’Streck féiert Iech op enger Längt vun ongeféier 4,5-5 Kilometer iwwer Wisen, duerch Bëscher an der Emgegend vun Helleng.
Et sinn 9 Dousen an e Bonus.
A jiddwer Dous fann Dir eng Fro, är Äntwert gëtt Iech de Wäert fir spéider de Bonus auszerechnen.
De Wee ass liicht zu Fouss a mat Mountainbike ze maachen, awer net mat Kannerbuggyen.
Formel: N 49 30 ((F:(H+A)) (D) (G-D)) E 006 08 (E-D-A) (I-H) (F:B)
Ech wënschen Iech vill Spaass.