Sou lues a lues komme mir dem Enn vun eisen Adventskalenner-Eventer op der Kockel méi no. Awer nach ass et net esou wäit.
Haut maache mir déi 21st Dier op! 🚪🎁

Wat steet um Programm?
💬 e bëssen iwwer Cache poteren
😂 zesumme laachen an déi eng oder aner Geschicht erzielen
🍻 e Patt zesummen huelen
🧭 iwwer nei Cache, al Cache, Mysteryen diskutéieren 😇
🐞 TB’en a Coins tauschen an discoveren
Et geet einfach ëm e gemittlechen Moment ënner Geocacher an der Adventszäit. 🎅🎄
🤗 Jiddereen ass häerzlech wëllkomm.