HoHoHo léif Frënn,
Mir invitéieren iech de 5. Dezember vu 17h00 bis 18h30 op dat traditionnellt Wiichtel-Event bei eis doheem op der Terrass (oder bei Reen an der Garage). Bei engem gemittleche Feier zervéiere mir e waarme Viz a Glühwäin a grille puer Marshmallows.
Den Highlight vum Event ass d'Auslousung vun de Wiichtel-Kaddoen. 🎁🎁🎁
Wéi funktionéiert wiichtelen?
▶️ Mir stellen en Dësch op, fir d'Kaddoen ze sammelen. Fir all Kaddo, deen een op den Dësch stellt, dierf een 1 Ziedel mat sengem Numm an d'Lousdëppen geheien. Ob dir als Team zesummen eppes verschenkt, oder all Team-Member eenzel, dat ass iech iwwerlooss. Fir all Kaddo deen ee verschenkt, kritt een och ee Kaddo zréck. 😉
▶️ Um 17:30 lousen mir dann aus, wien wéi ee Kaddo geschenkt kritt.🎁🎁🎁
Dono bleift nach genuch Zäit fir bei engem waarme Gedrénks a puer Knabbereien mateneen ze poteren an eng flott Zäit ze hunn. 😀✨🎄🎀
Léif Gréiss,
d'Famill Bommeleeër 💣💣💣💣
