Skip to content

🎁🎄 Wiichtel-Event 2026 🎄🎁 Event Cache

Hidden : Saturday, December 5, 2026
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1.5 out of 5

Size: Size:   other (other)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


HoHoHo léif Frënn,

Mir invitéieren iech de 5. Dezember vu 17h00 bis 18h30 op dat traditionnellt Wiichtel-Event bei eis doheem op der Terrass (oder bei Reen an der Garage). Bei engem gemittleche Feier zervéiere mir e waarme Viz a Glühwäin a grille puer Marshmallows.

Den Highlight vum Event ass d'Auslousung vun de Wiichtel-Kaddoen. 🎁🎁🎁

 

Wéi funktionéiert wiichtelen?

▶️ Mir stellen en Dësch op, fir d'Kaddoen ze sammelen. Fir all Kaddo, deen een op den Dësch stellt, dierf een 1 Ziedel mat sengem Numm an d'Lousdëppen geheien. Ob dir als Team zesummen eppes verschenkt, oder all Team-Member eenzel, dat ass iech iwwerlooss. Fir all Kaddo deen ee verschenkt, kritt een och ee Kaddo zréck. 😉

▶️ Um 17:30 lousen mir dann aus, wien wéi ee Kaddo geschenkt kritt.🎁🎁🎁

 

Dono bleift nach genuch Zäit fir bei engem waarme Gedrénks a puer Knabbereien mateneen ze poteren an eng flott Zäit ze hunn. 😀✨🎄🎀

 

Léif Gréiss,

d'Famill Bommeleeër 💣💣💣💣

 

 

 

 

Additional Hints ()

Qraxg j.r.t. ha äre Gnnff sve qr Ivvm/Tyüujäva!

Decryption Key

A|B|C|D|E|F|G|H|I|J|K|L|M
-------------------------
N|O|P|Q|R|S|T|U|V|W|X|Y|Z

(letter above equals below, and vice versa)

Advertising with Us