Skip to content

Welcome/Goodbye Luxembourg! Kiss 💋 & Fly ✈️ Virtual Cache

Hidden : 6/4/2019
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   virtual (virtual)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:


'L'envol'

ass eng monumental bronze Skulptur vun der Kënschtlerin Charlotte Engels, déi vun 1979 bis 2003 virun där aler Aérogare um Findel stoung, an nees zanter 2010 nieft där neier steet.

Geschicht

D'Skulptur stellt eng dem Himmel entgéintgeriichten, stiliséiert Synthes vun engem Vugel an engem Fliger duer. Si ass aus Bronze, 3,50 m héich an zwou Tonne schwéier. Si ass 1977 vum Transportministère bei der Sculptrice Charlotte Engels an Optrag ginn. De Präis louch bei 5,9 Millioune LUF (zirka 148.000 Euro). Am Abrëll 1979 gouf d'Skulptur feierlech op hirer Plaz um Findel ageweit.

Wéinst dem Chantier vun der neier Aérogare gouf d'Skulptur 2003 ewechgeholl. De 16. Mäerz 2010 huet d'Tageblatt gemellt, datt d'Skulptur um Terrain vum Fluchhafen, beim Birelerhaff, ëmgekippt tëscht alem Eisen an engem Pifffaass léich. A senger Reaktioun op den Tageblatt-Artikel huet den Transportminister Claude Wiseler matgedeelt, datt d'Skulptur vun do un ënner Daach gelagert sollt ginn, fir spéider virun der 'neier' Aérogare opgeriicht ze ginn.

Am Juni 2010 gouf d'Skulptur an e spezialiséierten Atelier bei Stuttgart bruecht, wou se reparéiert a mat enger 'naturbronzebronger' Patina iwwerzu gouf. Dat Ganzt huet 16.600 Euro kascht. De 25. November 2010 gouf d'Skulptur a Presenz vum Bauteminister Claude Wiseler virun der 'neier' Aérogare opgestallt.

 

Fir dësen Cache ze erfëllen muss Dir folgend Foto mat ärem Log eroplueden.

- Eng kreativ Kuss-Foto mat ärem Partner, engem Fräiwëllegen, ärer Boardkaart oder GPS virun der Statue. Oder loost iech eng afaalen... :)

 

 

'L'envol '
a bronze sculpture by the artist Charlotte Engels, which stood from 1979 to 2003 near the old airport building "Findel". In 2010 it has been replaced next to the new terminal.

 

To claim this cache you MUST post a photo of you in front of the statue giving a welcome, goodbye or farewell kiss to your partner, any person, boarding pass, GPS or be creative... :)

 

Get your Kiss 💋 & Fly ✈️! BANNER

 

 

Copie link: Banner: Kiss 💋 & Fly ✈️

<img src="https://s3.amazonaws.com/gs-geo-images/cd652599-7e16-4ee8-adb2-29712ca2769d.jpg" alt border="0" style="height:400px;" /&GT;

 

Flag Counter

 

Virtual Rewards 2.0 - 2019/2020

This Virtual Cache is part of a limited release of Virtuals created between June 4, 2019 and June 4, 2020. Only 4,000 cache owners were given the opportunity to hide a Virtual Cache. Learn more about Virtual Rewards 2.0 on the Geocaching Blog.

Additional Hints (No hints available.)