Et ass erëm geschwënn souwäit!
Wat gëtt et Schlëmmeres als doheem ëm de Chrëschtbeemchen
ze sprangen an mat der Famill ze sangen oder
ganz einfach virum Fernseh sech ze langweilen...
Der sidd häerzlech wëllkomm
fir mat mer owes Chrëschtdag
zesummen mat aner Cacher an Frënn
am High Chapparal am Heischtergronn ze feieren,
esou ab 19:00 den 25.12.
Natierlech kréien mer och erëm eppes ze iessen do,
fir dei dei eppes wëllen:
Spareribs, Schnitzel, Steak, Côte à l'os, Holzfällersteak, Schwengsfilet,
mat Fritten oder gebroden Gromperen
(Präisser weess ech nik)
Meld Iech w.e.g. bis den 15.12 un.
W.e.g. bei Ärem "Will attend/Note"-Log uginn:
Persounenzuehl a wat der eventuell géift iessen.
Gedrénks misst genuch do sin.
Plaaz fir e Camper ass och do.
Bei Froen einfach keng Mail schécken, ech liesen se jo dach nik ;-)