Dese Cache hun ech geluet als Erennerung un d'Cyclocross WM 2017, déi um Parc Belval zu Bieles organiséiert gouf.
Eng grouss Eier fir eist Land war et, wéi Letzebuerg d'Organisatioun vun der Cyclocross WM 2017 uvertraut krut.
D'Organisateuren hun super Arbecht geleecht, an en interessanten ongeféier 3 Km laangen Circuit um Parc Belval zu Bieles gezeechent, een, fir de Public zimlech iwersichtleche Parcours mat villen Kéiren, villen biergop an biergoofpassagen an engem ausgesprache komplizéierten techneschen zweeten Deel. Verkomplizéiert gouf déi ganz Organisatioun och nach duerch schlecht Wiederverhaeltnesser, déi awer eng 20000-25000 Spectateuren net dovun oofghaalen hun desen Spectakel ze genéissen.
Als Erennerung gin ech Iech d'Löscht vun den Weltmeeschter an och d'Plazéirungen vun de letzeburger Fuerer.
Junioren: Pidcock Thomas (GB) Weltmeeschter 40. Schreiber Felix 59. Leyder Misch
U23 Fraen: Wonsa Annemarie (NL) Weltmeeschter 34. Rees Eddie
Elite Fraen : Cant Sanne (B) Weltmeeschter 7. Majerus Christine 23. Lamborelle Nathalie 37.Godart Suzie
U23 Maenner: Nieuwenhuis (NL) Weltmeeschter 32. Turchi Lux 45. Fries Noah 66. Keiser Felix
Elite Maenner: Van Aert Weltmeeschter 42. Reichling Lex 46. Bausch Gusty 58. Schlechter Pit 60 Helmig Christian
Felicitatioun un Christine Majerus, daat mat senger 7.Plaaz déi bescht Plaaz op enger WM realiséiert huet.
Elo zu den Donnéen vum Multi.
Dese klengen Multi huet 8 physesch WP'en.
Op jidfer Wp kri Dir Informatiounen fir d'FN erauszefannen. Ech gin Iech am beschten e Beispill, dann ass et méi kloer.
Verloosst Iech net op äre Verhalt, schreiwt Iech d'Donneen op.
Beispill: WP 1 : gielt Feld: N8 an gringt Feld 7 heescht: op der 8. Plaaz vun der N-Koordinaat ( Ziffer déi der androot( giel) krii Dir op engem weideren WP)
Ziffer 7 ( d'koordinat an d'Positioun (gring) kri Dir op engem weideren WP)
d'Faarw vun der Koordinat an der Positioun muss iwereneenstemmen mat der Faarw vun der Ziffer déi Dir androen musst.
Op deenen verschiddene WP'en fann Dir Container oder och aaner objeten, déi irgendwéi eppes mat Velo ze din hun.
Nom WP 8 miss Dir genuch Donnéen hun fir d'FN ze fannen FN Koordinaten: N 4 9. 3 X. X X X E 005. 5 X. X X X Wichteg: Et ass eng Geegend, wou zimlech vill Leit ennerwee sin. Duerfir, diskret déi eenzel Dousen oder Objeten sichen an rem sou zreck leen, wéi der se fonnt hut. W.e. glift och nees gudd tarnen. Merci.
Ech wenschen Iech vill Spaass beim Sichen vun desem Multicache.